Skip to main content

Igor Sikorsky Inhaltsverzeechnes Liewen | Éirungen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüIgor...


Gebuer 1889Gestuerwen 1972Ukrainesch IngenieurenUS-amerikanesch IngenieurenLoftfaartpionéierUS-amerikanesch PilotenMembere vun der National Academy of EngineeringUkrainesch PilotenErfinder


25. Mee1889Kiewrussesche Keeserräich26. Oktober1972EastonConnecticutVereenegt Staate vun AmerikaLoftfaartpionéierFligerenPassagéierloftfaartHelikopterenSikorsky Aircraft CorporationUniversitéit KiewIwan SikorskyjSankt-PéitersbuergRusso-BaltRusski Witjas13. Mee1913Ilja Muromezrussescher ArméiÉischte WeltkrichBomberrussesche Biergerkrich1919USA1923Sergei RachmaninowUnited AircraftUnited Technologies CorporationFluchbooterSikorsky S-42Pan AmHelikopter1939Sikorsky VS-300HaaptrotorDréimomentausgläichHeckrotor-Konfiguratioun1955James-Watt-MedaillSikorsky Aircraft Corporation1968National Academy of EngineeringAmerican Helicopter Society1980Muskelkraaft-HelikopterfluchSikorsky Aircraft Corporation201013. Juni2013AeroVelo Atlas23. Mee2000Asteroid(10090) Sikorsky25. Mäerz2010AutodeskAutodesk Inventor












Igor Sikorsky




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






















Igor Sikorsky

Sikorsky, Igor.jpg
Gebuer
25. Mee 1889 jul.
Kiew
Gestuerwen
26. Oktober 1972
Nationalitéit
Russescht Keeserräich, USA
Aktivitéit
Raumfaartingenieur, Ingenieur, Erfinder

Wikidata-logo-without-paddings.svg


Den Ihor Iwanowytsch Sikorskyj (ukrainesch: Ігор Іванович Сікорський, russesch: Игорь Иванович Сикорский) gebuer de 25. Mee 1889 zu Kiew, deemools am russesche Keeserräich, a gestuerwen de 26. Oktober 1972 zu Easton[1] am Connecticut, Vereenegt Staate vun Amerika, war en ukraineschen an US-amerikaneschen Loftfaartpionéier. Hien hat déi éischt véiermotoreg Fligeren entwéckelt a mat hinnen d'Grondlage fir déi modern Passagéierloftfaart geschaf. Vill méi bekannt sinn awer seng Aarbechten als Konstrukteur an Architekt vun Helikopteren, net zulescht duerch d'Sikorsky Aircraft Corporation déi nach haut ënner sengem Numm Helikoptere produzéiert.




Inhaltsverzeechnes






  • 1 Liewen


  • 2 Éirungen


  • 3 Um Spaweck


  • 4 Referenzen





Liewen |


Den Igor Sikorsky koum als jéngste Jong vum Medezinprofesser vun der Universitéit Kiew Iwan Sikorskyj, dem Nokomme vun enger ukrainescher Klerikerfamill, zu Kiew op d'Welt.[2]
Hien huet um Militäresche Marineinstitut zu Sankt-Péitersbuerg studéiert. Ënner sengen Aarbechten als Chefingenieur vum Loftfaartdepartement vu Russo-Balt (Russesch-Baltesch Waggonfabréck, gréisst Industriekonglomerat vum Russesche Räich mat Eisebunns-, Autos- a Fligerproduktioun zu Riga, Moskau a Sankt-Péitersbuerg), war den éischte véiermotorege Fliger, déi bekannt Russki Witjas (russesche Reck), deen hie selwer den 13. Mee 1913 ageflunn hat. Eng Weiderentwécklung dovu war d'Ilja Muromez. Sikorsky-Fligere goufe vun der russescher Arméi am Éischte Weltkrich als Bomber agesat.


Während dem russesche Biergerkrich ass de Sikorsky 1919 am Alter vun 30 Joer an d'USA emigréiert. Do huet hien 1923 mat Ënnerstëtzung vu villen emigréierte Russen a mat der finanzieller Hëllef vum Komponist Sergei Rachmaninow d'Sikorsky Aero Engineering Company, déi spéider vu United Aircraft iwwerholl gouf, gegrënnt. An der Tëschenzäit si béid Firmaen en Deel vun der United Technologies Corporation. D'Entreprise mécht Fluchbooter wéi d'Sikorsky S-42, déi vu Pan Am fir transatlantesch Flich agesat goufen, an als Pan Am Clipper bekannt goufe, virun allem awer Helikopter.


Schonn a Russland hat de Sikorsky mat Helikopteren experimentéiert. 1939 huet hie mat der Sikorsky VS-300 den éischte Fräifluch gestart, deen en Haaptrotor a fir den Dréimomentausgläich en Heckrotor hat. Déi och Heckrotor-Konfiguratioun genannt Form gëlt haut als Standardbauweis, well si am heefegsten ugewennt gëtt.


1955 gouf de Sikorsky mat der James-Watt-Medaill ausgezeechent. D'Sikorsky Aircraft Corporation ass bis haut ee vun de féierenden Helikopterproduzenten.



Éirungen |




En Igor-Sikorsky Monument zu Kiew


1968 gouf hien als Member vun der National Academy of Engineering gewielt. Dee vun der American Helicopter Society am Joer 1980 ausgeschriwwene Präis fir Muskelkraaft-Helikopterfluch – gespent vun der Sikorsky Aircraft Corporation an am Joer 2010 op 250.000 USD erhéicht – gouf nom Sikorsky genannt.[3] Eréischt den 13. Juni 2013 konnt e kanadescht Team mam AeroVelo Atlas de Präis gewannen.[4]


Den 23. Mee 2000 gouf en Asteroid nom Igor Sikorsky genannt: (10090) Sikorsky.


De 25. Mäerz 2010 publizéiert Autodesk eng nei Versioun vun Autodesk Inventor, bei deem den Numm vum Sikorsky him zu Éire Pätter fir déi firmenintern Bezeechnung stoung.



Um Spaweck |







Commons-logo.svg
   



Commons: Igor Iwanowitsch Sikorsky – Biller, Videoen oder Audiodateien



  • (en) Igor Sikorsky and his Flying Machines Artikel von ConnecticutHistory.org

  • Interaktiv duergestallte Zäitleescht vun der Firma Sikorsky


  • (en) Offiziellt Sikorsky Archiv




Referenzen




  1. Igor Sikorsky Dies – Today in History


  2. Biografie Iwan Sikorskyj auf uahistory.com; gekuckt den 1. Juni 2017 (ukrainesch)


  3. The AHS Sikorsky Prize, Alfred Gessow Rotorcraft Center, University of Maryland, gekuckt den 20. Mäerz 2013


  4. Notiz op der Homepage vum AeroVelo, gekuckt den 12. Juli 2013







Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Igor_Sikorsky&oldid=2160116“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function(){mw.config.set({"wgPageParseReport":{"limitreport":{"cputime":"0.300","walltime":"0.430","ppvisitednodes":{"value":579,"limit":1000000},"ppgeneratednodes":{"value":0,"limit":1500000},"postexpandincludesize":{"value":5487,"limit":2097152},"templateargumentsize":{"value":165,"limit":2097152},"expansiondepth":{"value":8,"limit":40},"expensivefunctioncount":{"value":0,"limit":500},"unstrip-depth":{"value":0,"limit":20},"unstrip-size":{"value":1745,"limit":5000000},"entityaccesscount":{"value":1,"limit":400},"timingprofile":["100.00% 380.222 1 -total"," 85.32% 324.414 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 83.91% 319.037 1 Schabloun:Infobox"," 55.54% 211.165 24 Schabloun:Wikidata"," 45.45% 172.814 11 Schabloun:If_empty"," 8.20% 31.177 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 3.51% 13.330 1 Schabloun:Referenzen"," 2.21% 8.400 1 Schabloun:Commonscat"," 1.75% 6.662 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.45% 5.495 2 Schabloun:En"]},"scribunto":{"limitreport-timeusage":{"value":"0.183","limit":"10.000"},"limitreport-memusage":{"value":3760210,"limit":52428800}},"cachereport":{"origin":"mw1243","timestamp":"20190410213852","ttl":2592000,"transientcontent":false}}});mw.config.set({"wgBackendResponseTime":124,"wgHostname":"mw1253"});});

Popular posts from this blog

Taj Mahal Inhaltsverzeichnis Aufbau | Geschichte | 350-Jahr-Feier | Heutige Bedeutung | Siehe auch |...

Baia Sprie Cuprins Etimologie | Istorie | Demografie | Politică și administrație | Arii naturale...

Nicolae Petrescu-Găină Cuprins Biografie | Opera | In memoriam | Varia | Controverse, incertitudini...